Hei sin d'Austellungen an d'Salon'en, un deene mir schon deelgeholl hun,
an all zukünfteg Rendez-vous'en.

Mir géifen eis fréen, wann Dir eis bei esou enger Geleeënheet
op eise Stand besiche kéimt!
13. Januar 2006
"Salon de Mariage 2006", organiséiert vun der "Maison Rubino".
Äre Partner fir all besonnesch Geleeënheet.
An hiren zwee Geschäfter zu Stroossen an zu Halanzy (B) fannt
Dir eng Riesen-Auswiel u Brautkleeder, Zeremoniesgezäi fir
Hären a Kanner, esou wéi Accessoiren a Gezäi fir all
aner besonnesch Geleeënheet.

De Stand gouf mat engem aussergewéinleche Brautbouquet vu
"Fleurs Warnier" vu Stroossen décoréiert.
Dësen an aner flott Kréatiounen kënnt Dir Iech an hirem Geschäft
op der Areler Strooss ukucken, Hausnummer 122.
***
17. - 21. Januar 2006
"Les Journées du Mariage", organiséiert vun
"La Belle Etoile" zu Bartréng.
E Besuch vun desem Shopping Center as
ëmmer erem derwäert!
Eng ganz Rëtsch Geschäfter waarden op Iech a loossen
kee Wonsch méi op!

Hei kënnt Dir Är perséinlech Lëscht erstellen, fir secher ze sin dass Dir déi Kadoen kritt, déi Dir Iech wierklech wënscht...fir eng Hochzäit, e Gebuertsdag, fir e Kommiounskand, a fir vill aner Geleeënheeten.
***
12. Januar 2007
"Salon de Mariage 2007" am Threeland Hotel zu Péiteng, organiséiert vun der "Maison Rubino".
***
16. - 20. Januar 2007
"Les Journées du Mariage", organiséiert vun
"La Belle Etoile" zu Bartréng.
***
18. November 2007
"Salon de Mariage" vun der Maison Rubino,
am "Château du Bois d'Arlon (B)
14. an 15. Januar 2009
"Salon de Mariage" vun der Maison Rubino,
am "Château du Bois d'Arlon (B)
Mëttlerweil participéieren mir d'ganzt Joër iwwer un verschiddenen Salon'en an Ausstellungen.